Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 66.468 Artikelen an 134 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

Cap Vert
Cap Vert
  • … d'Land Cap Vert säin Numm vun engem Kap 500 km wäit ewech zu Dakar am Senegal huet, dat den Inselen hiren Numm ginn huet?
  • … et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger Sezessioun koum, déi der moderner Molerei zum Duerchbroch verhollef huet?

Artikel vun der Woch

D'Marie-Antoinette, gebuer den 2. November 1755 zu Wien als Maria Antonia Josepha Johanna vun Habsburg-Loutrengen, a gestuerwen zu Paräis de 16. Oktober 1793, war Äerzherzogin vun Éisträich, vu 1770 bis 1774 Dauphine vu Frankräich, a vun du bis 1792, als Fra vum Louis XVI., Kinnigin vu Frankräich an Navarra.

D'Fransouse waren ufanks vun hirem Charme an hirer Schéinheet beandrockt, mä geschwënn huet sech dat geännert, an der "Autrichienne" (mat Betounung op "chienne") gouf virgeheit, si wier prunksüchteg, géif friemgoen, a géif mat de Feinde vu Frankräich, besonnesch den Éisträicher, komplottéieren. D'Affär ëm d'Halsketten (mat där se näischt ze dinn hat) huet hire Ruff weider geschiedegt, a si krut spéiderhin de Spëtznumm Madame Déficit, well hir verschwenderesch Ausgaben dru Schold sollte sinn, datt et de franséische Staatsfinanze sou schlecht géing.

No der Flucht op Varennes, déi bei der Bevëlkerung ganz schlecht ukoum, gouf de Louis XVI. ofgesat, d'Monarchie ofgeschaaft an d'kinneklech Famill an den Temple-Prisong gestach. Aacht Méint nodeems hire Mann guillotinéiert gi war, gouf och der Marie Antoinette de Prozess gemaach, si hätt d'Prinzipie vun der Revolutioun verroden. Och si gouf zum Doud verurteelt an de 16. Oktober 1793 gekäppt... > méi

Op engem 22. Januar

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Francis Bacon
Francis Bacon
Méi iwwer: … den 22. Januar… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

Colette Flesch (2016)
Colette Flesch (2016)

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

… d'Wanddekratioun vun der Statioun Hradčanská vum Prager Metro.

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik